Haut kann een an der franséischer Online Ausgab vum Wort liesen datt a kuerzer Zäit e gewësse Maxime Chanot fir d’Roud Léiwe selectionabel wier. Ech muss agestoen datt och mir als fervente Fussballpolyphage keen agefall ass den dësen Numm dréit. Dofir war ech frou datt de Journalist vum Wort ons e bëssen erklärt huet ween de Maxime Chanot ass.
Hien gouf den 21 November 1989 zu Nanzeg gebuer. Datt hien déi Lëtzebuerger Nationalitéit besetze kann an domadder fir ons Nationalequipe oplafe ka läit dodrunner datt eng vu senge Groussmamme Lëtzebuergerin war.
Hien ass geléierte Verteideger, kann esouwuel an der Innenvertéidegung wéi als rietsen Aussevertéideger opgesat ginn. Seng Carrière huet zu Nanzeg ugefangen an säit Januar 2013 spillt hien zu Antwerpen bei Beerschot. Dozweschen huet hien zu Reims an England bei der B Equipe vu Scheffield UTD a bei Mansfield Town séng Schung gestreckt. No senger englescher Aventure ass hien nees zréck a Frankräich gewiesselt an huet do an der zweeter Equip vu Le Mans an duerno beim FC Geugnon gespillt. Während der Saison 2011-2012 ass hien dunn an déi zweet Belsch Divisioun bei de White Star Woluwé gewiesselt a säit Ufank dësem Joer spillt hie beim momentan zweetleschte vun der Jupiler Pro League.
Seng Ufro fir de lëtzebuerger Pass misst schnell accordéiert ginn an de Luc Holtz kéint schonn am Juni fir den Auswäertsmatch am Aserbaidschan op eng weider Kraaft, a form vun engem wéideren Futtballprofi, zielen.
Eng Personalie déi no der schlëmmer Verletzung vum Tom Schnell sécherlech méi wéi wëllkomm ass. No Gerson, Joachim, Mutsch a Philipps wier den Maxime Chanot den 5ten Profi am Kader vun onser Nationalequipe. Wann wéi geplangt datt néit Nationalitéitsgesetz gestëmmt gëtt dann ass mam David Caiado Dias de Wee fräi fir de Profi Nummer 6.
Hei en klengen Clip vum Chanot séngen Qualitéiten:
//www.youtube.com/watch?v=hK0ywIii14U
//www.tageblatt.lu/sport/story/Chanot–FLF–Elf-koennte-in-Baku-verstaerkt-werden-21037534