Profi Nummer 5 !
Mat der Naturalisatioun vum gebiertgen Franzous Maxime Chanot gewënnt déi lëtzebuerger Nationalequipe iere 5ten Profi. Niewt dem aktuellen Spiller vu Beerschot, spillen jo schonn den Mario Mutsch, den Aurélien Joachim, den Chris Philipps an de Lars Gerson fir e professionnelen Futtballsveräin.
Dat de Chanot demnächst fir ons Roud Léiwen oplafen wäert, schéinnt nëmmen eng Fro vun der Zäit ze sinn. Kann Lëtzebuerg op e Spiller verzichten deen den Duerchbroch an der éischter belscher Liga gepackt huet ? Och wann säi Veräin et sportlech net gepackt huet an wéinst finanziellen Schwieregkeeten souwisou retrogradéiert gett schéinnt dem Chanot säi Wee an der Jupiler League weider ze goën. Nieft dem bekannten Interessi vum Sporting Charleroi soll nach en aneren Éischtliguist sech bei ihm gemellt hunn. De Spiller léisst sech awer nach e wéinëg Zäit eh hien eng Entscheedung trefft an wart nach wéider Offer of. Och wann seng spilleresch Fäegkeeten, éierlech gesott, ons e Rätsel sinn schéinnt säin CV dach genug impressionnant fir dovunner iwwerzeecht ze sinn dat hien ons Verteidegung verstärken wäert.
Maxime who ?
Haut kann een an der franséischer Online Ausgab vum Wort liesen datt a kuerzer Zäit e gewësse Maxime Chanot fir d’Roud Léiwe selectionabel wier. Ech muss agestoen datt och mir als fervente Fussballpolyphage keen agefall ass den dësen Numm dréit. Dofir war ech frou datt de Journalist vum Wort ons e bëssen erklärt huet ween de Maxime Chanot ass.