E Schratt zréck ?

Haut goufe vu RTL Radio Lëtzebuerg Informatioune gesent déi soen datt den Aurélien Joachim ab nächster Saison nees am Land Amateursfuttball spillt. D’Rumeur schécken hien nees zréck bei de Fusiounsveräin vun Déifferdeng.
Den Aurélien Joachim ass jo bekannterweis no sengem gudde Parcours an der CL mam F91 am Ufank vun der Saison 2012/13 bei Willem II Tilburg gewiesselt am ass domadder e Futtballprofi ginn. Mat 25 Joer an no gescheitert Versich sech bei Veräiner wéi Alemannia Aachen oder VFL Bochum duerch de Biais vun den zweeten Equipen als Profi ze etabléieren, koum dës Chance wéi duerch e Wonner.
Direkt no senger Verpflichtung huet de Jürgen Streppel den Aurélien als Stuermspëtz opgesat a wann hien net verletzt war huet hien och ëmmer gespillt.
No dësem Futtballjoer kann ee roueg behaapten datt den Aurélien Joachim de Schratt an de Profifussball gemeeschtert huet. Als onbestridde Stammspiller huet hie mat 6 Realisatiounen a 25 Matcher déi meeschte Goaler vu sengem Veräin geschoss.
Leider gesäit de Bilan vu Willem II net esou gutt aus well se en Spilldag vru Schluss op der leschter Plaz vun der Eredivisie stinn. A vu datt de Retard op d’Barrageplaze 5 Punkte bedréit ass den Ofstig onvermeidlech. Zu Tilburg steet nächst Joer Jupiler Leagu um Programm.

Do stellen sech natierlech vill Froen. Wéi a mat fir Spiller plangt Willem II ? Kennen se sech den Aurélien finanziell leeschten ? Wëll den Aurélien an der zweeter hollännescher Futtballliga spillen ?
Ufroe vu Profiveräiner ginn et der bestëmmt. Wann e Spiller esou e Bilan, no der éischter Profisaison, opzeweisen huet kann een sech schwéier doen ze gleewen datt et keen Interessi fir onse Stiermer gëtt.
De Ball läit also um Fouss vum Aurélien sëlwer. Watt wëll hien ? Wëllt hie weiderhi Fussball op héijem Niveau spillen oder wëllt hien zréck an een Amateurfussball den hie scho fréier dominéiert huet ?
Et ass eng decisif Phase am Joachim senger Carrière, eng zweet Chance kennt bestëmmt net méi. Et ass un him ze entscheeden op de Profifuttball nëmmen zu eng Randnotiz a sengem Liewe gëtt oder op hien de schwéiere Wee weider geet.
Dem Lëtzebuerger Fussball ass et ze wënschen datt hien sech fir dat Lescht entscheet.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

3 thoughts on “E Schratt zréck ?

  1. luxpjamer 7. Mai 2013 at 10:21

    //www.lequotidien.lu/les-sports/44723.html

    Antworten
  2. luxpjamer 7. Mai 2013 at 10:27

    De Guy Hellers iwwert den Auré :

    Je peux mal m’imaginer qu’il revienne. S’il veut revenir, on le prendra, mais je ne suis pas pour. Il mérite de rester à un niveau pro.

    Il prétend que le F91 demande beaucoup d’argent et que cela pourrait contrarier ses plans.

    Je ne m’occupe pas du domaine financier. Mais je suis persuadé que le concernant, un accord sera trouvé.

    //www.lequotidien.lu/les-sports/44722.html

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.