Gusty Kemp, den éischte Profi
Gusty Kemp- image fc Metz
Haut vrun 98 Joer gouf e vun de wuel talentéiertste Stiermer vu Lëtzebuerg gebuer. De Gusty Kemp koum den 24 Februar 1917 zu Déifferdeng op d’Welt an huet seng éischt Bäll och an der “Cité du Fer” gestouss. Dem “Super Canonnier” séng Fäegkeeten blouwen nët lang e lëtzebuerger Geheimnis an den FC Metz huet aus him den éischte Lëtzebuerger Foussballsprofi gemeet. An 87 Matcher huet hien, sensationell, 63 Goler fir d’Grenats geschoss ! Trotz senge klénge Féiss ( et gëtt gesott hien hätt “35” am Schung gehatt) war hien dofir bekannt e gewaltëge Schoss ze hunn an och aus gréisserer Entfernung de Gol ze treffen.
Wee gëtt dann nach alles Futtballsprofi ?
Bis elo zielt ons Nationalequipe jo bekannterweis 5 Futtballprofi. Gerson, Mutsch, Joachim, Chanot a Phillips verdéngen am Ausland iert Brout mat onser Liiblingssportart. Den Deville nom Opstieg mat Elversberg an déi drëtt Bundesliga ass och nëmmen nach e Schratt vun engem Profivertrag eweg. Beim David Caiado muss an der Chamber datt néit Nationalitéitgesetz gestëmmt ginn well Profi ass hien jo schonn.
An esoueng Konstellatioun mécht och datt déi aner Roud Léiwen an de Fokus vun auslännesche Veräiner réckelen. Et ass kéng Iwwerraschung datt eng Nationalequipe an der ongeféier d’Halschent vun de Stammspiller Profi’e ass méi Scouten, Trainer an aner Veräinsoffizieller unzitt.
Nom gudde Match am Aserbaidschan hunn elo déi éischt Rumeuren de Wee an ons virtuell Redaktioun fonnt.
Déi éischt betrëfft de Laurent Jans an ass och scho sécher méi wéi nëmmen e Geräisch aus der Gerüchteküche. Dëse gouf iwwert de Roby Langers, Vertrauenspersoun vum Chris Phillips a Lëtzebuerger Futtballslegend mat gudde Kontakter zu de Grenats, zu engem serieuxen Thema beim FC Metz. De fréieren Nationalstiermer hatt e puer Interviewen an der lëtzebuerger Press gi wou hien de Laurent Jans un d’Häerz geluet huet de Schratt zum Profispiller ze woen. De bal 21 Joer aalen Folaspiller deen an dësem Joer den Duerchbroch an der Nationalequipe gepackt huet, huet sécher dat néidegt Potential fir dëse Wee ze goen.
Dat zweet Gerücht betrëfft en anere Folaspiller. A ween wonnert et datt et sech heibäi ëm de Stefano Bensi handelt. De Lëtzebuerger Futtballspiller vum Joer a Scorer beim 1-1 zu Baku wier um Sprong an Däitschland oder der Belsch de Wee vum Profi anzeschloen. Ëm wéi eng Veräiner et sech handelt ass net bewosst. Auszeschléissen ass an dem Fall esou e Wiessel net. Schonn 2009 hat den zweet beschte Buteur vun der Saison 2012-2013 de Schratt an d’Ausland gewot. No 6 Méint, 11 Matcher an 2 Goaler huet de groussgewuessene Stiermer dem KMSK Deinze awer nees de Réck gedréit an ass zréck an d’Heemecht komm. Ähnlech wéi beim Joachim kennt och dëst eng zweet Chance fir de 24 Järege Schëfflenger sinn. Eng Chance déi et zu gräife gëllt.