Haut vrun 98 Joer gouf e vun de wuel talentéiertste Stiermer vu Lëtzebuerg gebuer.
De Gusty Kemp koum den 24 Februar 1917 zu Déifferdeng op d’Welt an huet seng éischt Bäll och an der “Cité du Fer” gestouss. Dem “Super Canonnier” séng Fäegkeeten blouwen nët lang e lëtzebuerger Geheimnis an den FC Metz huet aus him den éischte Lëtzebuerger Foussballsprofi gemeet.
An 87 Matcher huet hien, sensationell, 63 Goler fir d’Grenats geschoss ! Trotz senge klénge Féiss ( et gëtt gesott hien hätt “35” am Schung gehatt) war hien dofir bekannt e gewaltëge Schoss ze hunn an och aus gréisserer Entfernung de Gol ze treffen.
Seng Trefferquote an der Nationalekipp léisst sëch mat 15 Goler an 21 Matcher natierlëch och weissen. Domadder ass hien zweet beschte Buteur vun allen Zäiten an der Nationalekipp. Besser huet et nëmmen den Léon Mart gemeet ( 16 Goler an 24 Matcher).
1936 huet de Kemp mat der Lëtzebuerger Nationalekipp un den Olympëschen Spiller deelgeholl. An der Achtelsfinal, déi éischt Ronn, huet Lëtzebuerg sëch och direkt mam “däitsche Räich” moosse mussen. Am “Poststadion” war nom 9-0 och schnell Schluss fir onst Länd’chen an ons Männer hatten schnell d’Valisse gepackt.
Eng vun de Stärstonnen vum Kemp an den anere Roude Léiwen vu senger Epoche war, ouni Zweifel, d’Victoire am éischte Nokriegslännermatch heiheem géint d’Belsch.
Vru 12000 Zuschauer hunn ons Männer ons Nopperen mat 4-1 aus dem Stadter Stadion geschéckt. D’Belsch déi no engem 0-0 géint England, eng vun den eenzege Profisekippen deemols, waren als kloeren Favorit an de Match gangen. De Gusty Kemp hatt sëch an deem Match an der 71 Minute mam 4-0 an d’ Scorerlëscht agedroën.
Den 13 Mai 1945 ass dofir en historëschen Datum fir Fussballlëtzebuerg.
Dem Gusty Kemp seng Carrière goung den 13 Abrëll 1948, dramatësch, zu Ënn. Bei engem Autosaccident bei Hayange bezillt den erfollegräiche Foussballspiller mat sengem Liewen a Lëtzebuerg verléiert, vill ze fréi, e ganz Groussen.
Dad war mein Bop, hun nach enorm vill Sachen, an Zeitungsartikelen vun menger Bom krtitt dei alles iwert hieren Mann den Kemp Gust erausgeschnidden huet. Hun och seng Medaille vun den olympeschen Spiller 1936 zu Berlin doheem leien.Meng Bom dei bei eis bis an den Alter vun 93 Joer geliervt huet , huet mär ganz vill Anekdoten verzielt. Sin ganz stolz op mein Bop.
Genial, hall déi Saachen an Éieren. Datt ass en immense Kado !
dad wärt ech och machen , hun 2Valisen voller Erennerungen un mein Bop. Ass emmer schèin dran ze kuken.