De Gilbert Dussier war e lëtzebuergëschen Footballspiller deen am Laf vu senger Carrière vir verschidde Profisveräiner opgelaf ass.
Gebuere gouf hien de 23 Dezember 1949 zu Oïcha-Beri am fréieren Belsche Kongo.
Den Zenterstiermer seng Fussballscarriere ass awer réischt richteg zu Lëtzebuerg lasgangen. Vun 1967 bis 1973 huet hien fir d’Red Boys vun Déifferdéng gespillt an huet 1972 mat hinnen d’Coupe gewonnen.
1973 huet dunn d’Jeunesse den Dussier verpflicht an an der Saison huet hien wuel e vun de legendärste Goaler am Lëtzebuerger Fussball geschoss.
Et war den 19.09.1973 an d’Escher Fans wëssen bestëmmt ëm wat fir e Match et sech handelt. An der 88 Minute schéisst den agewiesselten Dussier nämlech den 1-1 géint keen gerengeren wéi den Liverpooler FC !
No nëmmen enger Saison ass et dunn fir den Dussier an Däitschland wéidergangen.
An der Saison 1974-75 huet de Nationalspiller sensationnel 17 Goaler fir den SV Röchling-Völklingen geschoss. Géint den 1.FC Nürnberg packt hien souguer d’Konschtstéck an der 1 Minute den 1-0 ze schéissen.
Duerch seng wonnerbar Leeschtungen huet hien net nemmen dofir gesuergt datt säi Veräin an der zweeter Bundesliga bléift mä och datt den AS Nancy sëch hien gekroppt huet.
3 Joer méi spéit ass et dunn fir eng Saison bei den OSC Lille gangen fir déi Saison drop fir THOR Waterschei ( e vun den zwee Veräiner aus deenen spéider de KRC Genk ginn ass) ze spillen.
Säin éischte Lännermatch huet hien géint Holland, mat enger 0-6 Néierlag, um 24 Februar 1971 geféiert. De Mount drop schéisst hien bei der 4:2 Victoire géint d’Amateursnationalekipp aus Däitschland en Doppelpack.
An 39 Matcher fir d’Roud Leiwen schéisst de Gilbert Dussier 9 Goaler.
Den 3te Januar 1979, am Alter vun 29 Joer, stierft den Gilbert Dussier un de Folgen vun enger Leukämieerkrankung.