Luca Ivesic wiesselt op Regensburg
De jonken Portier vum F91 an Jugendnationalspiller wiesselt vun der “Forge du Sud” bei den däitschen Drëttligist SSV Jahn Regensburg. Den 18 Järegen huet fir zwou Saison ënnerschriwwen an wärt an den U19/U23 Kader integréiert ginn. Eng gutt Noricht fir de lëtzebuerger Fussball sollt den Luca Ivesic de Sprong an den Profiberäich packen. D’Goalkeeperposition ass déi de Supporter vun de roude Leiwen am meechten kappzerbriechen mecht.
De Fiels an der Brandung
Watt hunn Lëtzebuergesch Futtballsfrënn sech Froe gestallt wéi déi éischte Kéier de Numm vum Maxime Chanot gefall ass. Ween datt wier an op hien den néidegen Niveau huet ware wuel déi Froen déi am meeschte gefall sinn.
Wou dann d’Ufangsequip vu Baku bekannt gouf konnt en sech schonn e kléngt Bild vum Neo-Lëtzebuerger maachen. Sympathesch a ganz Professionell waren déi éischt Andréck déi een duerch säin Optrëtt an den diverse Medie gewonnen hatt. Mat wuel iwwerluechte Äntwerten huet hien sech weder als Iwwermuecht nach als e Spiller mat zwee lénke Féiss presentéiert.
Eng Méiglechkeet fir den 23 Järegen um Terrain ze beobachten ass et fir de grand public net gi well d’FLF dës Kéier kee Virbereedungsmatch virgesinn hatt.
Esou ass et dann dozou komm datt de Chanot vru sengem éischten Asaz, op sportlecher Ebene, nach ëmmer e Rätsel fir déi meescht vun ons war.
Et huet awer net laang gedauert bis en de robusten Innenvertéideger a säi Futtballerhäerz eragelooss huet. A sengem éischten Nationalmatch wosst den Enkel vun enger Escher nämlech ze gefallen. An denen 90 Minuten huet en net den Androck gewonnen datt et säin Debut wier, säin Zesummespill mam Eric Hoffmann war bis op de Géigegoal excellent. Wann d’Aseri geféierlech goufen dann iwwert d’Säiten, wou Jans a Martino an den éischte 45 Minutten ier Problemer hatten. De Stuermzentrum war quasi inexistent well d’Mëtt vun de béiden Innenvertéideger zu enger Festung zougemauert gouf.
De Profi aus der Jupiler League huet sech et och net huelengeloos fir mat senge Matspiller ze schwätzen an se ze dirigéieren. All Kéiers wann d’Regie vum Aserbaidschanesche Fernseh Kameraen op hie gericht hatt war hien um gestikuléieren an um schwätzen.
Och wann hien am Virfeld vum Match behaapt hatt datt d’Relance en Domaine wier wou hie progresséiere misst war dovunner net vill ze gesinn. Datt eenzegt wat opgefall ass war datt hien oft déi spilleresch Léisung sicht an déi eng oder aner Kéier eng fir ons Spiller onkonventionell Pass gespillt huet. E Manko den awer mat der Zäit verschwanne wäert.
Duerch säin imposant Optrieden a senge futtballeresche Fähegkeeten huet hie schonn natierlech Leaderqualitéiten. Seng Matspiller hunn vu senger Rou am Spill profitéiert. Zesumme mam Hoffmann waren se de Fiels an der Brandung wou dem Berti Vogts seng Männer Gas ginn hunn. Ëmmer sinn se rouëg bliwwen, hunn d’Niewemänner dirigéiert, de Chanot mat sengem gudde Kappballspill seng meescht Dueller an der Loft gewonnen a virun allem de Géigener bewisen datt hiem net aus Zocker wier. Et ass e Verteideger dee wéi deet a konsequent an d’Zweekämpf geet.
Wee gëtt dann nach alles Futtballsprofi ?
Bis elo zielt ons Nationalequipe jo bekannterweis 5 Futtballprofi. Gerson, Mutsch, Joachim, Chanot a Phillips verdéngen am Ausland iert Brout mat onser Liiblingssportart. Den Deville nom Opstieg mat Elversberg an déi drëtt Bundesliga ass och nëmmen nach e Schratt vun engem Profivertrag eweg. Beim David Caiado muss an der Chamber datt néit Nationalitéitgesetz gestëmmt ginn well Profi ass hien jo schonn.
An esoueng Konstellatioun mécht och datt déi aner Roud Léiwen an de Fokus vun auslännesche Veräiner réckelen. Et ass kéng Iwwerraschung datt eng Nationalequipe an der ongeféier d’Halschent vun de Stammspiller Profi’e ass méi Scouten, Trainer an aner Veräinsoffizieller unzitt.
Nom gudde Match am Aserbaidschan hunn elo déi éischt Rumeuren de Wee an ons virtuell Redaktioun fonnt.
Déi éischt betrëfft de Laurent Jans an ass och scho sécher méi wéi nëmmen e Geräisch aus der Gerüchteküche. Dëse gouf iwwert de Roby Langers, Vertrauenspersoun vum Chris Phillips a Lëtzebuerger Futtballslegend mat gudde Kontakter zu de Grenats, zu engem serieuxen Thema beim FC Metz. De fréieren Nationalstiermer hatt e puer Interviewen an der lëtzebuerger Press gi wou hien de Laurent Jans un d’Häerz geluet huet de Schratt zum Profispiller ze woen. De bal 21 Joer aalen Folaspiller deen an dësem Joer den Duerchbroch an der Nationalequipe gepackt huet, huet sécher dat néidegt Potential fir dëse Wee ze goen.
Dat zweet Gerücht betrëfft en anere Folaspiller. A ween wonnert et datt et sech heibäi ëm de Stefano Bensi handelt. De Lëtzebuerger Futtballspiller vum Joer a Scorer beim 1-1 zu Baku wier um Sprong an Däitschland oder der Belsch de Wee vum Profi anzeschloen. Ëm wéi eng Veräiner et sech handelt ass net bewosst. Auszeschléissen ass an dem Fall esou e Wiessel net. Schonn 2009 hat den zweet beschte Buteur vun der Saison 2012-2013 de Schratt an d’Ausland gewot. No 6 Méint, 11 Matcher an 2 Goaler huet de groussgewuessene Stiermer dem KMSK Deinze awer nees de Réck gedréit an ass zréck an d’Heemecht komm. Ähnlech wéi beim Joachim kennt och dëst eng zweet Chance fir de 24 Järege Schëfflenger sinn. Eng Chance déi et zu gräife gëllt.
Profi Nummer 5 !
Mat der Naturalisatioun vum gebiertgen Franzous Maxime Chanot gewënnt déi lëtzebuerger Nationalequipe iere 5ten Profi. Niewt dem aktuellen Spiller vu Beerschot, spillen jo schonn den Mario Mutsch, den Aurélien Joachim, den Chris Philipps an de Lars Gerson fir e professionnelen Futtballsveräin.
Dat de Chanot demnächst fir ons Roud Léiwen oplafen wäert, schéinnt nëmmen eng Fro vun der Zäit ze sinn. Kann Lëtzebuerg op e Spiller verzichten deen den Duerchbroch an der éischter belscher Liga gepackt huet ? Och wann säi Veräin et sportlech net gepackt huet an wéinst finanziellen Schwieregkeeten souwisou retrogradéiert gett schéinnt dem Chanot säi Wee an der Jupiler League weider ze goën. Nieft dem bekannten Interessi vum Sporting Charleroi soll nach en aneren Éischtliguist sech bei ihm gemellt hunn. De Spiller léisst sech awer nach e wéinëg Zäit eh hien eng Entscheedung trefft an wart nach wéider Offer of. Och wann seng spilleresch Fäegkeeten, éierlech gesott, ons e Rätsel sinn schéinnt säin CV dach genug impressionnant fir dovunner iwwerzeecht ze sinn dat hien ons Verteidegung verstärken wäert.
Caiado gewënnt d’bulgarësch Coupe
Mat 6-4 no Elefmeterscheissen gewënnt Beroe Stara Zagora géint de Favorit Levski Sofia de bulgareschen Pokal. De Match war an der regulärer Spillzäit an no der Verlängerung mat 3-3 zu Enn gangen.
Domadder gewënnt den David Caiado säin éischten Titel a Bulgarien.
An elo ?
Ouni de verletzten Aurélien Joachim gewënnt Willem II Tilburg doheem géint den AZ vun Alkmaar. Domadder hunn d’Tricolores iert lescht Spill an der Eredivisie gespillt well nächst Joer d’Jupiler League um Programm steet.
Op d’Missioun Opstieg mam Lëtzebuerger an Ugrëff geholl gëtt ass nach net sécher. Den Goalgetter, deen an 25 gespillte Matcher 6 Goaler geschoss an 2 Virlagen ginn huet, war nëmmen fir eng Saison vum F91 ausgeléint. Op de Veräin aus dem Nordbrabant d’Kafoptioun zitt ass net sécher. Datt läit awer net um Joachim selwer mä un den finanzielle Méiglëchkeeten vum Veräin. Den Trainer, Jurgen Streppel, géif de Stiermer gäeren halen an den Spiller keinnt sech och firstellen mat ofzesteigen. Et ass also net onméiglech datt de beschte Goalgetter vun Willem II säin Engagement zu Tilburg verlängert.