Dräierpack fir de Maurice
De Maurice Deville huet beim 4:2 géint den Fc Homburg dräi Goaler fir den Sv Elversberg geschoss.
Domadder kann den SV nach ëmmer vum Opstieg an déi drëtt Bundesliga dreemen.
E Schratt zréck ?
Haut goufe vu RTL Radio Lëtzebuerg Informatioune gesent déi soen datt den Aurélien Joachim ab nächster Saison nees am Land Amateursfuttball spillt. D’Rumeur schécken hien nees zréck bei de Fusiounsveräin vun Déifferdeng.
Den Aurélien Joachim ass jo bekannterweis no sengem gudde Parcours an der CL mam F91 am Ufank vun der Saison 2012/13 bei Willem II Tilburg gewiesselt am ass domadder e Futtballprofi ginn. Mat 25 Joer an no gescheitert Versich sech bei Veräiner wéi Alemannia Aachen oder VFL Bochum duerch de Biais vun den zweeten Equipen als Profi ze etabléieren, koum dës Chance wéi duerch e Wonner.
Direkt no senger Verpflichtung huet de Jürgen Streppel den Aurélien als Stuermspëtz opgesat a wann hien net verletzt war huet hien och ëmmer gespillt.
No dësem Futtballjoer kann ee roueg behaapten datt den Aurélien Joachim de Schratt an de Profifussball gemeeschtert huet. Als onbestridde Stammspiller huet hie mat 6 Realisatiounen a 25 Matcher déi meeschte Goaler vu sengem Veräin geschoss.
Leider gesäit de Bilan vu Willem II net esou gutt aus well se en Spilldag vru Schluss op der leschter Plaz vun der Eredivisie stinn. A vu datt de Retard op d’Barrageplaze 5 Punkte bedréit ass den Ofstig onvermeidlech. Zu Tilburg steet nächst Joer Jupiler Leagu um Programm.
Op der Sich nom Roude Léiw vun Tilburg
[
][1]
De Samschde 6ten Abrëll hunn ech mech mat zwee Kollegen op de Wee op Tilburg gemeet. Zill war et natierlech den Aurélien Joachim an Aktioun ze erliewen. Onsen Nationalspiller ass jo bekannterweis säit dëser Saison Profispiller bei Willem II Tilburg. Vu datt meng zwee Begleeder Groundhopper sinn u mir et ons net huele gelooss en anert Spill kucken ze goën. Ons Wahl fir den U19 Match vum PSV géint NAC Breda sollt sech als gudd Wiel erausstellen.
Profi Nummer 4!
Wéi verschidde Medien haut mellen, wäert de Chris Philipps haut um Donneschden sain éischte Profiskontrakt beim FC Metz ennerschreiwen.