Spuenien – Lëtzebuerg 4:0
D’Roud Léiwe verléieren géint d’Roud Furie mat 4:0 – trotz enger gudder Leeschtung. Huel se! war natierlech mat a Spuenien…
Zu Gaascht beim Lukaschenko
Sonndes owes, zwee Deeg virum Match an Wäissrussland, sinn mir zu fënnef (de Kevin, d’Liz, de Mich, de Sven an ech) mat der Lufthansa vun Frankfurt op Minsk geflunn, wou mir no aacht Auer ukomm sinn. Nodeems mir d’Passkontroll iwwerstan haten (d’Beamten hunn eisen Visum nach eemol mat der Lupp ënnersicht), sinn mir mat engem Taxi bei eist Hotel gefuer.
Zilina
Marianske Namestie – den historeschen Zentrum vun Zilina, am Lëtzebuerger Volleksmond “d’Maartplaz”
D’Roud Léiwen reesen op Lviv
Ons Nationalekipp spillt de 14 Juni hiere Qualifikatiounsmatch fir d’Euro 2016 géint d’Ukraine zu Lviv ( Lemberg).
Geschichten aus Genk
Eng Auswäertsrees biergt ëmmer fir flott Geschichten. Meeschtens handelen se vun flotte oder bizarre Begéignungen, witzëge Sprëch an langbärtegen running gags, alkoholgetränkten Anekdoten an am lëtzebuerger Fall kennt och mol e sportléchen Highlight dozou. Den Auswaertsmatch zu Genk hatt, trotz der Néierlag géint den nët-méi-esou geheimen-WM-Favorit Belsch, vun allem ze bidden.
Auswäerts ass et ëmmer am schéinsten
D’UEFA huet d’Kaz also aus dem Sack gelooss: géint Spuenien däerf net am Stade Josy Barthel gespillt gin. Skandal oder clevere Schachzuch?
