Am Land vum Feier
En Méindeg 3ten Juni sinn ech mam Zuch op Basel gefuer, wou ech mech mam Schwäizer Groundhopper Martin S. getraff hunn. Zesummen sinn mir den Dag duerno iwwer Istanbul op Baku geflunn.
Mam TGV op Valence
En Densden Moien um 10 Auer hunn den Pol, de Fabs, d´Verena an ech eis op der Gare an der Stad getraff fir vun do aus mam TGV op Paräis ze fueren. Ech hunn mir direkt emol een Bréitchen an een Stéck Äppeltaart kaf, well ech hat nach näischt giess, fir Gedrénks hat den Pol schonns gesuergt, hien hat genuch Dikrecher fir eis all an senger Werdertut derbäi.
Mat de roude Léiwen am hellege Land
No zwee enorm interessanten Deeg mat engem Guide zu Jerusalem fuere mir (de Martin, ee Schwäizer Groundhopper vu Basel, den Daniel, ee Lëtzebuerger Judd, an ech) en Densdeg, de 16.Oktober, mam Taxi op Tel Aviv. Nom Anchecken an eisem Hotel man mir eis op de Wee an den David Intercontinental, wou eis rout Léiwen an d´Journalisten iwwernuechten.
Auswäertsrees op Belfast
Schonn den Dag vun der Auslousung vun eiser Qualifikatiounsgrupp fir d’WM 2014 war fir mech, wéi fir vill aner Supporter vun der Nationalekipp och, kloer dass den Auswäertsmätch zu Belfast ee vun den Highlights vun dëser Campagne wier – an ech behaapten mol, dass kee vun de Lëtzebuerger di an Nordirland derbäi waren enttäuscht zréck komm ass.