Mir wëllen erop !

180 Minutten vrun engem historesche Moment. Anescht kann en den méiglechen Opstig an d’Liga B vun der Nations League net beschreiwen. Historesch!
Do ass se déi kléng Finale

Den Owend spillt ons Nationalequipe zu Podgorica um 20:45 géint de Montenegro. Et ass eng kléng Finale fir déi éischte Platz vun der Tabelle vun onsem Nations League Grupp an domadder den Opstieg an d’Divisioun B.
Sinani Doublé !
Gerson Rodrigues freet sech mam Danel Sinani
D‘Lëtzebuerger Nationalequipe gewënnt duerch e Doublé vum Danel Sinani mat 2-0 géint Zypern a bléift domadder am Rennen fir d‘Éischt Platz vu senger Nations League Grupp.
Zweet Geien
De Leandro Barreiro iergert sech mam Kevin Malget
Gëschter verléieren ons Roud Léiwen mat 1-2 géint Liechtenstein. 16 Joer no der blamabler 0-4 Néierlag doheem géint de Fürstentum brengen d’lëtzebuerger Nationalspiller et net faerdeg als Gewënner vum Terrain ze goën.
Quiz: kenns du all Debütanten ënnert dem Luc Holtz?
Säit 10 Joer trainéiert de Luc Holtz d’lëtzebuerger Nationalekipp elo schonn. 35 Spiller goufen ënnert him éischtmols an engem Lännermatch agesat. Kenns du d’Spiller nach all? Da maach mat bei eisem klenge Quiz!
Optakt gelongen !
Leandro Barreiro
Ons Roud Léiwe gewannen hieren éischte Match vun der Nations League 2020/21 mat 2-1 am Aserbaidschan.
D’Formatioun vum Nationaltrainer Luc Holtz war ganz gutt an de Match komm an hatte schonn an der 2ter Minutt d’Chance a Féierung ze kommen mä dem Maurice Deville säi Schoss war ze zentral.