Keng Nations League wéi eng aner
Eng fussballeresch Rentrée wéi keng aner. Fouerzäit ! Soubal den éischten Hämmelsmarsch Enn August iwwert de Glacis trëppelt, de Geroch vu Gegrills a gebrannten Nëss iwwert d‘Allée Scheffer wéit an d’Riserad bis an de Stade Josy Barthel liicht, klëmmt och de Bols béi de Supporter vun eiser Nationalequipe. Endlech ass et erëm esouwäit!
Meng éischte Kéier: ee skandinaveschen Owend am Abrëll
Mäin éischte Besuch vun engem Lännermatch am Josy Barthel koum relativ spontan zoustan. Duerno gouf de Wee op d’Areler Strooss awer eppes wéi eng Selbstverständlechkeet.
Meng éischte Kéier: Spuenien op Benelux-Tour
Mir schreiwen de 7.Juni 2000. E sonnege Mëttwochowend, dräi Deeg virun der Europameeschterschaft an der Belsch an an Holland. Um Wee op d’Europameeschterschaft leet Spuenien en Tëschestopp zu Lëtzebuerg an – a spillt op der Arëler Strooss e leschten Testmätch virun der EM.
Den FC Zorya Luhansk néie Veräin vum Chris Philipps ?
De lëtzebuerger Nationalspiller Chris Philipps steet virun engem Wiessel an d’Ukraine. Den FC Zorya Luhansk wéilt de polyvalenten Defensivspiller, deem säi Kontrakt Ënn des Joers ofleeft, an der Wanterpaus verpflichten.
Charakter bewissen
Zum Schluss vun der Qualifikatioun fir d‘EM 2020 hatten ons Léiwen den Europameeschter an Nationsleague Gewënner 2019 op Besuch. Beim Trëffen mam der Weltklassennatioun Portugal huet sech ons Nationalequipe zwar missen 0-2 geschloë ginn mä huet an der éischter Halschent de Géigener phaseweis dominéiert !
Endlech erëm e « Fouermätch »
E kuerze Bléck op de Kader vun de Serben geet duer, fir sech der Rolleverdeelung fir dësen Dënschdeg sécher ze sinn : géint Dusan Tadic, Filip Kostic, Luka Jovic a co sinn d’Rout Léiwen kloren Aussesäiter.