“Russëschen Standart”

No 20 Sekonnen hatt et scho geschëllt. No engem vum Philipps verluerenen Kappballduell an engem Stellungsfeeler vum Jans land de Ball beim Kokorin an deen lobt de Ball iwwert de Joubert.

Den Luc Holtz hatt eng offensiv ausgerichten Nationalequipe op d’Gras gescheckt an d’Spill no fir hatt nawell zimlech gutt geklappt. Och nom schnellem Schlag vun der russëscher Meul.
No enger kuerzer mä intensiver Drockphas vun der Heemequipe krutten d’Leiwen ëmmer méi vum Spill. Ënnert dem Impuls vun engem staark opspillendem Bensi hu sech ons Jongen dunn och e puer Goalchancen erausgespillt.
Wou sech d’Hoffnung am lëtzebuerger Camp ugefangen huet breed ze maachen, huet de Bier nees zougeschloën. An der 36′ verwert den Kokorin mam Kapp e Fräistouss. De Schottëschen Arbitter hatt de Russen dese Fräistouss no engem imaginärem Feeler vum Payal zougesprach. De Mann a Schwarz huet bei der eng oder anerer Situatioun net ganz glécklech ausgesinn. Eng Minutt vrun déier Aktioun hätt hien och en Elefmeter fir e Feeler um Da Mota päiffen kennen.

Mat 2-0 goung et och an d’Paus. D’Sborjana ass awer mat vill Drock zréck op den Terrain komm an wollt den 3-0 och schnell marquéieren. An der 60ter Minutt war et dunn esou weit an den Kerzhakov huet eng weider Standartsituatioun eragekäppt. D’Zonenverteidegung huet zu Kazan net geklappt. Déi rouend Bäll bleiwwen e grousse Risiko fir ons Hannerléit.

Wou dem Capello seng Männer e bessen nogelooss hunn hatten d’Lëtzebuerger ëmmer méi Aktiounen. Onermiddlëch hu se no vir gespillt an probéiert en Éieregoal ze scheissen. Datt ass dunn och, no munch geféierlecher Aktioun, dem Joachim gelongen. An der 90ter vollend hien e flotten Sololaf vum Luisi.
An den 3 Minutten Nospillzäit wollten d’Lëtzebuerger dunn de Score weider verscheineren an sinn äiskall ausgekontert ginn. Kuerz vrum Schlusspaff huet den Samedov de véierte Goal fir säi Land geschoss.

Eng verdéngten Néierlag déi awer e Goal ze héij ausfällt. Wann een esou well kann een vun engem gudden Test fir de Match géint Nordirland schwetzen. Géint déi 16sten stärkst Fussballnatioun war net méi dran mä déi spilleresch flott Aktiounen am Spillobbau vun hannen eraus maachen Hoffnung op en positivt Resultat um Dënschden.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

2 thoughts on ““Russëschen Standart”

  1. Paul Krier 7. September 2013 at 09:24

    Bon, mat 3 Banneverdeedeger déi gefehlt hunn, dorunner 2 Profien (Chanot & Blaise verletzt an Hoffmann gespaart), kann ee wuel soen, datt et schon méi schwéier war, d’Zoneverdeedegung perfekt ze spillen. Gutt awer datt probéiert gouf no vir ze spillen!

    Antworten
  2. luxpjamer 7. September 2013 at 10:13

    Genee. Siehe nächsten Artikel 😉

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.